Mer sinn bei den Planungen fir eis Hochzäit tatsächlech e bësse zoufälleg op den Marco gestouss, mee wat e Volltreffer! D’Zesummenaarbecht mat him a senger Equipe ass onkomplizéiert. Den Optrëtt, den vum Aperitif géint 17 Auer bis praktesch 3 Auer gaange ass (natierlech mat e puer Pausen) war en Superlativ: no e puer Songs war um Aperitif schonn der Däiwel lass an d’Hochzäitsgäscht hunn gedanzt a mat gesongen wéi wann et keen Muer méi géif ginn. Smooth Jazz, iwwer Pop zu Rock; Sinatra, Louis Armstrong, Robie Williams, Bruno Mars, AC/DC? Alles dobäi, an alles top!
Mer haten am Virfeld vun eiser Hochzäit ëmmer e bëssi Angscht dat et kéint e bëssi langweileg ginn, mee mam Marco hat d’Fest keng Zäit langweileg ze ginn! D’Hochzäitsgäscht, an natierlech mer selwer, waren ausnamslos begeeschtert! Ouni den Marco wär eis Hochzäit definitiv net sou flott ginn!
Meng Madame an ech, an ech denken och eis Gäscht, kennen den Marco nëmmen empfeelen. Merci Marco.
Hochzeitsfeier Sandy & Kim in Luxemburg, Juni 2022